Allgemeng Konditiounen
1. Benotzungskonditiounen a Warnhiweis
D’Plattform LLO.LU (Léier Lëtzebuergesch online/ Learn Luxembourgish online) ass e Service, fir Lëtzebuergesch online ze léieren (d’„Plattform LLO.LU“), déi vun der Gesellschaft Bunker Palace SA („BUNKER PALACE“) am Numm an am Optrag vum Nationale Sproocheninstitut Luxembrg (INLL), deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, bedriwwe gëtt a fir all Persoun, déi wëll Lëtzebuergesch ouni Alters- a geografesch Beschränkung léieren (den „Apprenant“), bestëmmt ass.
All Apprenant, deen op d’Servicer an d’Coursen, déi op der Plattform LLO.LU proposéiert ginn, zougräift, engagéiert sech, déi heite Benotzungskonditioune vun der Plattform LLO.LU, d. h. den Endbenotzer-Lizenzvertrag (den „EULA“) ouni Virbehalt ze respektéieren, deen dem Apprenant zur Zoustëmmung virgeluecht gëtt, éier en Zougang zu de Servicer vun der Plattform LLO.LU huet.
Den Nationale Sproocheninstitut Luxemburg, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, an BUNKER PALACE verflichte sech, den EULA reegelméisseg ze aktualiséieren, deen automatesch, esoubal en online steet den Zougang vum Apprentant op d’Plattform LLO.LU reegelt. D’Apprenantë sinn also opgefuerdert, sech reegelméisseg doriwwer ze informéieren.
2. Zougang an Umeldung fir Servicer
2.1. Notzungslizenz vun der Plattform LLO.LU
Den INLL, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, berechtegt den Apprenant op d’Plattform LLO.LU, entspriechend de Modalitéiten, déi duerch dësen EULA (d’„Lizenz“) festgeluecht sinn, zouzegräifen a se ze benotzen. D’Lizenz ass gratis, netexklusiv, netiwwerdrobar an ënnerläit der Bedéngung, datt de Benotzer sech streng un den EULA hält. D’Lizenz gëtt dem Apprenant fir déi ganz Dauer vum Projet LLO.LU erdeelt.
2.2. Zougangsmodalitéiten
D’Notzung vun der Plattform LLO.LU steet jiddwerengem ouni Alters- oder geografesch Aschränkung fräi. Mat der Aschreiwung op d’Plattform LLO.LU bestätegt den Apprenant, datt en déi virdru genannte Konditiounen erfëllt.
D’Plattform ass zougänglech iwwer den Internetsite https://www.llo.lu.
D’Notzung vun der Plattform LLO.LU fënnt ausschliisslech online statt:
- entweeder iwwer eng dofir ageriicht, ëffentlech Verbindung (um INLL, iwwer Partnerinstitutiounen, Multimedia-Beräicher, Zentrum fir sozioberufflech Reinsertioun, a.s.w.);
- oder iwwer e perséinlechen, private Computer oder all aneren Apparat (Tablet, Telefon, a.s.w.) (den „Apparat“).
2.3. Horaire
Ausgestatt mat sengem perséinleche Benotzernumm a Passwuert kann den Apprenant 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg d’Woch op d’Servicer zougräifen, ënner Berücksichtegung vum Fait, datt BUNKER PALACE d’Notzung vun der Plattform LLO.LU oder vun engem Deel vun den doriwwer geleeschte Servicer zäitweis ka wéinst Maintenance ënnerbriechen.
2.4. Néideg Ausstattung
Den Apparat vum Apprenant muss mindestens déi follgend technesch Bedéngungen erfëllen:
- Multimediekonzept: Computeren, Tabletten, Smartphonen
- Internet-Browseren: all Internet-Browser, deen op d’mannst 2 % Undeeler um europäesche Maart huet (https://gs.statcounter.com/browser-market-share/all/europe); dat entsprécht den Ament, am Joer 2022:
- Google Chrome;
- Safari;
- Mozilla Firefox;
- Microsoft Edge;
- Samsung Internet;
- Plug-innen: kee Plug-in noutwendeg;
- Betribssystemer:
- Computeren: Windows 10 oder méi héich, Linux a MAC OS X®;
- Tabletten a Smartphonen: Android, iOS a Windows (gülteg Versiounen)
- Bandbreet: > 0,5 Mbps (dat heescht eng 3G-Verbindung mat niddereger Geschwindegkeet). Et gëtt awer zu eng Bandbreet vun 2 Mbps geroden, fir en optimalen Zougang zur Plattform kënnen ze garantéieren.
- Minimal Bildschiermopléisung: 320 x 568 px
MS Office-Applikatiounen (all Versiounen), Open Office a PDF-Programmer ginn ënnerstëtzt, fir déi vun der Plattform downloadbar Dokumenter ze kucken (Bestätegungen, Uleedunge fir Apprenanten, a.s.w.). Fir d’Benotzung vum Inhalt ass d’Erdeelung vun Administratiounsrechter ewéi „Power User“, oder „Administrateur“ vun der Maschinn kengesfalls noutwendeg. Et muss keng Datei vun iergendengem Typ (MP3, Video, a.s.w.) op en externe Site erofgeluede ginn. All Medie si komplett geséchert op eisem zentrale Serveur gespäichert. All Resultater ginn direkt op eise Servere gespäichert. Fir eng optimal Notzung vun der Plattform ass also kee peripheren Apparat oder externe Späichermedium noutwendeg.
D’Plattform LLO.LU an d’Astufungstester si mat der Majoritéit vun de Standard-Browseren, déi op den Tabletten an de Smartphonë mat de Betribssystemer Android® (Google) an iOS® (Apple) benotzt ginn, kompatibel a bidden optimal Kompatibilitéit mat der jeeweils leschter Versioun vun dëse Betribssystemer. All Hëllefsmëttele sinn nativ als Responsive Web Design konzipéiert.
LLO.LU an/oder Bunker Palace kënne kengesfalls bei Zougangsschwieregkeeten an/oder Schwieregkeete bei der Notzung vun der Plattform LLO.LU verantwortlech gemaach ginn, wann den Apprentant dës minimal Konfiguratiounsufuerderungen net erfëllt.
2.6. Benotzung vu Cookien
D’Benotzung vu Cookien op der Plattform LLO.LU gëtt an der Dateschutzrichtlinn beschriwwen an ass ënner follgendem Link verfügbar: https://llo.lu/lu/privacy-policy/.
3. Dateschutz – Schutz vun der Privatsphär
BUNKER PALACE veraarbecht nëmme perséinlech Donnéeën am Numm an am Optrag a vum INLL, deen dem Lëtzebuerger Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, no sengen Uweisungen. Den INLL, deen dem Lëtzebuerger Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, bleift eleng verantwortlech fir d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën. Fir all Informatiounen, déi sech op d’Veraarbechtung vun de perséinlechen Donnéeë bezéien, ginn d’Apprenantë vun der Plattform LLO.LU gebieden, d’Dateschutzrichtlinn ënner follgender Adress ze kucken https://llo.lu/lu/privacy-policy/ an/oder direkt Kontakt mam Data Protection Officer (DPO) vum INLL opzehuelen (dpo@men.lu).
4. Inhalt vun de Servicer
Déi vun BUNKER PALACE am Numm an am Optrag vum INLL, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, op der Plattform LLO.LU geleescht Servicer, sinn detailléiert op den ëffentleche Säite vum Internetsite www.llo.lu beschriwwen.
Doran enthalen ass:
- Den Zougang zu de Servicer fir déi Lëtzebuerger Sprooch op Basis vun enger autodidaktescher Method ze léieren;
- Technesch-pädagogesch Assistenz, déi eng Aféierung op d’Plattform, e Benotzerhandbuch an en Helpdesk, deen nëmmen iwwer E-Mail erreechbar ass, beinhalt.
5. Haftungsbeschränkung
BUNKER PALACE garantéiert, datt den Apprenant jidderzäit op d’Plattform LLO.LU zougräife kann, ënner Virbehalt vun de follgende Fäll: wärend der Dauer vu geplangte Maintenancen, iwwer déi den Apprenant informéiert ass, wärend der Dauer, déi noutwendeg ass, fir d’Plattform erëm a Betrib ze huelen oder e Funktiounsfeeler ze behiewen. An deem Fall mécht BUNKER PALACE alles derfir, fir sécherzestellen, datt d’Plattform LLO.LU esou séier ewéi méiglech erëm a Betrib ass. Mee ënner Berücksichtegung, datt d’Lizenz gratis ass, akzeptéiert den Apprenant, datt et zäitweis onméiglech ass, op d’Servicer vun der Plattform LLO.LU zouzegräifen a verzicht op all Recoursen an Entschiedegung an dësem Zesummenhang.
BUNKER PALACE beméit sech, d’Sécherheet vum Site, der Applikatioun an der Plattform LLO.LU ze assuréieren a verflicht sech, déi technesch Ufuerderungen maximal ze erfëllen an d’Sécherheetsnorme maximal ze respektéieren. Mee ënner Berücksichtegung, datt d’Lizenz gratis ass, kënne weeder BUNKER PALACE, nach den INLL, deen dem Lëtzebuerger Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, am Fall vun enger zäitweileger Netverfügbarkeet vun den do erschéngenden Informatiounen an/oder am Fall vun engem Virus um Site oder op der Applikatioun verantwortlech gemaach ginn. Weeder BUNKER PALACE nach den INLL, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet, iwwerhëlt d’Verantwortung fir iergende Schued un engem Apparat, oder fir eventuell direkt oder indirekt Schied, ewéi e Betribs- oder Dateverloscht, déi dem Apprenant kënnen duerch d’Benotzung vum Site, der Applikatioun an der Plattform LLO.LU entstoen.
6. Rechtssträiter
Dës allgemeng Notzungskonditiounen ënnerleien dem belsche Recht a ginn entspriechend ausgeluecht an ugewant. Am Fall vun engem Widdersproch oder engem Rechtssträit, deen aus dësem Vertrag entsteet, gëllt dat belscht Recht an d’Geriichter vum Wallounesche Brabant sinn ausschliisslech zoustänneg.
7. Geeschtegt Eegentum
All d’Elementer aus deenen de Site, d’Applikatioun an d’Plattform LLO.LU bestinn, gehéieren exklusiv dem INLL, dem Lëtzebuerger Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an/oder BUNKER PALACE. All agedroen an net agedroe Bildmarken, Logoen, Illustratiounen, Biller, Videoen, Zeechnungen a Modeller um Site, der Applikatioun an der Plattform LLO.LU, sinn a bleiwen am exklusive Besëtz vu Wallounien an/oder BUNKER PALACE an/oder hire Partner. All vollstänneg oder deelweis Reproduktioun, all Download, all Ännerung oder Benotzung vun den Elementer vum Site, der Applikatioun, der Plattform LLO.LU oder vun Datebanken dervun duerch iergende Verfaren ass verbueden, ausser dëst gouf ausdrécklech vum INLL, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an BUNKER PALACE am Kader vun engem schrëftleche Vertrag erlaabt.
8. Linken
Déi um Site an der Plattform LLO.LU erwäänte Referenzen op aner Sitten oder Produiten oder Servicer vun Drëtten implizéieren op kee Fall eng Recommandatioun vun dëse Produiten, Servicer oder Drëtten. BUNKER PALACE, den INLL an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend sinn a kengem Fall verantwortlech fir den Inhalt vun de referenzéierte Sitten an de Linken, déi op dëse Sitten erwäänt ginn. Den Apprenant an de Visiteur benotzen dës Linken ënner hirer eegener Verantwortung a suergen derfir, déi allgemeng Konditioune vun dëse Sitten ze respektéieren.