Bestëmmungen zum Dateschutz an zur Verwendung vu Cookies

DATESCHUTZERKLÄRUNG
An eiser Dateschutzerklärung fannt Dir detailléiert Informatiounen iwwer d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën duerch den Nationale Sproocheninstitut.
Wie si mir?
Den Nationale Sproocheninstitut Luxemburg(am Follgenden „INLL“ genannt) ass eng ëffentlech Lëtzbuerger Administratioun, déi dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet.
Eis Missiounen
Den INLL, als Zentrum fir Sproochen ze léieren:
- hält Sproochecourse fir lieweg Sprooche fir Erwuessener of, fir:
- d’Méisproochegkeet ze fërderen
- d’Integratioun ze vereinfachen an de sozialen Zesummenhalt ze verbesseren
- zu enger besserer Employabilitéit vu Persoune bäizedroen
- fërdert den interkulturellen Austausch duerch d’Praktizéiere vun den enseignéierte Sproochen
- bitt Alphabetiséierungs- a Lieskompetenzcoursen un
Den INLL, als nationalen Zenter fir Zertifizéierung:
- certifiéiert d’Kentnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi gereegelt Diplomer a Certificate vun der Lëtzebuerger Sprooch
- organiséiert international Friemsproochentester an -examen
Kontakt
21 Bd de la Foire, L-1528 Luxembourg
(+352) 26 44 30 1
Kontaktformulaire
https://www.inll.lu/
Firwat veraarbechte mir Är perséinlech Donnéeën?
LLO.LU bitt de Benotzer Servicer fir lëtzebuergesch Sproochecoursen un, déi iwwer follgende Link zougänglech sinn:
- Vun der webbaséierter Online-Léierplattform https://www.llo.lu/ aus
- Vun der mobiller Applikatioun LLO.LU aus (App iOS: [https://apps.apple.com/us/app/llo/id1628802290]Android-App: [https://play.google.com/store/apps/details?id=com.altissia.llo_lu] oder
Den Zougang zu dëse Sproochecourse mécht d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën noutwendeg, dat heescht vun Donnéeën, déi et erlaben, Iech als physesch Persoun ze identifizéieren.
D’Donnéeën, déi vun LLO.LU am Kader vun enger Studie zur Kenntnes vun de Sprooche gesammelt ginn (besonnesch am Hibléck op d’Verfeinerung vum Test, deen de Benotzer ugebuede gëtt), ginn anonymiséiert a sinn nëmme fir d’Realiséiere vu globalen, anonymme Statistike bestëmmt, déi keng Identifikatioun vum Benotzer erlaben. Deemno fält dës Veraarbechtung net an den Uwendungsberäich vun dëser Dateschutzerklärung.
D’Servicer gi vun der Gesellschaft ALTISSIA INTERNATIONAL SA („Altissia“) ausgeféiert. An dësem Kader veraarbecht Altissia Är perséinlech Donnéeën am Optrag an op Uweisung vum INLL, deen domat eleng verantwortlech fir d’Veraarbechtung vun Ären Date ass.
Zudeem kënne mir, am Kader vun der Ausféierung vun de Servicer ganz oder deelweis verschiddener vun eise Missioune vun technesche Sous-traitanten sous-traitéiere loossen (an Altissia erlaben ze sous-traitéieren), zum Beispill fir den Hosting vum Internetsite an d’Späicherung vun Donnéeën a Sécherheetskopië bei enger Informatiksocietéit.
Op jiddwer Fall garantéiere mir, datt dës Sous-traitanten, genau ewéi mir, Är Donnéeën op eng sécher, respektvoll a gewëssenhaft Aart a Weis veraarbechten, a mir gesinn dofir adequat vertraglech Garantië vir. LLO.LU verlaangt dofir vu senge Sous-Traitanten, datt si d’Gesetzgeebung, déi sech op den Dateschutz bezitt, respektéieren a genuch Garantië fir d’Ëmsetzung vu gëeegenten techneschen an organisationelle Mesurë bidden, fir datt d’Veraarbechtung der gülteger Gesetzgeebung beim Dateschutz entsprécht an de Schutz vun Äre Rechter garantéiert.
Mir sammelen net absichtlech perséinlech Informatioune vu Kanner vu manner ewéi 16 Joer, ouni eng ausdrécklech Autorisatioun vun engem Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten ageholl ze hunn. Wa mir feststellen, datt mir onbeabsichtegt Informatiounen iwwer Kanner vu manner ewéi 16 Joer gesammelt hunn, ergräife mir Mesuren, fir d’Donnéeën esou séier ewéi méiglech ze läschen, ausser wa gültegt Recht eis derzou verflicht, se ze versuergen.
Wéi veraarbechte mir perséinlech Donnéeën?
Dir fannt am Follgenden Informatiounen iwwer déi vun eis duerchgeféiert Veraarbechtung vun den Donnéeën, déi legal Basis an d’Grënn fir dës Veraarbechtung, d’Kategorië vu perséinlechen Donnéeën, déi veraarbecht ginn, d’Aart a Weis, wéi mir dës Donnéeë sammelen, d’Dauer, wärend där mir se späicheren an déi eventuell Destinatairë vun de perséinlechen Donnéeën.
Informatiounssécherheet: Enregistréierung vun de Visiteure wärend hirem Besuch um Site, der Applikatioun oder der Plattform LLO.LU
Zwecker |
Mir veraarbechten dës perséinlech Donnéeën, fir d’(Informatiouns)sécherheet ze garantéieren a sécherzestellen, datt LLO.LU gutt funktionéiert, wärend Dir de Site, d’Applikatioun oder d’Plattform besicht. |
Legal Basis |
D’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën ass noutwendeg, fir eis legitim Interêten un der Informatiounssécherheet an dorun, datt LLO.LU gutt funktionéiert, ze verfollegen. |
Perséinlech Donnéeën |
Identifikatiouns- a Besuchsdonnéeën: · IP-Adress · Den Datum an d’Auerzäit vum Zougrëff op de Site · De benotzte Browser-Typ · D’Plattform an/oder den um Apparat installéierte Betribssystem (Computer, Tablet, Smartphone, a.s.w.) |
Sammlung |
D’Donnéeë ginn direkt vum Benotzer bei all Besuch gesammelt. |
Späicherdauer |
2 Joer |
Destinatairen |
Google Kubernetes |
Uleeë vun engem perséinleche Kont fir d’Benotzung vun de Servicer
Zwecker |
Mir veraarbechten Är perséinlech Donnéeën, fir d’Benotzung vun de Servicer iwwer de Site, d’Applikatioun oder d’Plattform LLO.LU ze erméiglechen. |
Legal Basis |
Fir eis Servicer kënnen ze benotzen, musst Dir virdrun e perséinleche Kont uleeën. D’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën an dësem Kader ass noutwendeg, fir de Servicevertrag ze erfëllen, deen Dir mat LLO.LU ofschléisst, wann Dir e perséinleche Kont uleet an d’Benotzungskonditioune vun LLO.LU akzeptéiert. |
Perséinlech Donnéeën |
Déi follgend perséinlech Donnéeë musse beim Uleeë vun engem perséinleche Kont matgedeelt ginn: · Familljennumm · Virnumm · Gebuertsdatum · Geschlecht · Postleitzuel · Residenzland · Nationalitéit |
Sammlung |
D’Donnéeë ginn direkt vum Benotzer, wann e säi perséinleche Kont uleet, gesammelt. |
Späicherdauer |
Wärend der gesamter Dauer, wou de Kont aktiv ass, a wärend engem Zäitraum vun 2 Joer, nodeem de Kont zougemaach oder inaktiv ginn ass |
Destinatairen |
Altissia, INLL |
Bereetstellung vu Sproochecours-Servicer
Zwecker |
Mir veraarbechten Är perséinlech Donnéeën, fir Iech lëtzebuergesch Sproochecoursen, fir déi Dir Iech ageschriwwen hutt, bereetzestellen, dës ze personaliséieren an d’Léiermethoden ze verfeineren. |
Legal Basis |
D’Veraarbechtung vun Ären Date sinn noutwendeg fir de Servicevertrag ze erfëllen, deen Dir mam INL fir d’Benotzung vun LLO.LU ofschléisst. |
Perséinlech Donnéeën |
Déi follgend perséinlech Donnéeë gi fir d’Bereetstellung vum Service veraarbecht: Identifikatiounsdonnéeën (Virnumm, Familljennumm, Geschlecht, Postleitzuel, Wunnsëtzland, Nationalitéit), Kontaktdonnéeën (E-Mail-Adress), Sproochniveau, Resultat vun den Tester, Léierpreferenzen. |
Sammlung |
Dës Donnéeë ginn direkt vum Benotzer gesammelt. Gewëss Donnéeën, ewéi d’Aktivitéits- oder Evaluatiounsresultater, gi vun den Enseignantë bei der Benotzung vun LLO.LU generéiert. |
Späicherdauer |
Wärend der gesamter Dauer, wou de Kont aktiv ass, a wärend engem Zäitraum vun 2 Joer, nodeem de Kont zougemaach oder inaktiv ginn ass. |
Destinatairen |
Altissia, INLL |
Technesche Support
Zwecker |
Mir veraarbechten Är perséinlech Donnéeën, fir Iech den noutwendegen technesche Support, fir eng gutt Benotzung vun llo.lu ze bidden |
Legal Basis |
D’Benotzung vu perséinlechen Donnéeën, am Zesummenhang mam technesche Support ass noutwendeg fir d’Erfëllung vum Servicekontrakt, deen Dir mat LLO.LU fir d’Benotzung vun llo.lu ofschléisst. |
Perséinlech Donnéeën |
E-Mail-Adress |
Sammlung |
D’Donnéeë ginn direkt vum Benotzer bei all Supportufro gesammelt. |
Späicherdauer |
2 Joer |
Destinatairen |
Altissia, Zendesk , INLL |
D’Beaarbechtung vun Ufroen a Bezuch op d’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën
Zwecker |
Mir veraarbechten Är perséinlech Donnéeën, fir Är Ufroen ze beaarbechten an ze beäntweren |
Legal Basis |
D’Veraarbechtung vun Ären Donnéeën ass noutwendeg, fir eis rechtlech Obligatiounen als Verantwortleche fir d’Veraarbechtung ze erfëllen an Är Ufroen ze beaarbechten an ze beäntwerten, an Iwwerastëmmung mat den Artikelen 12 a 15 bis 22 vun der allgemenger Dateschutzuerdnung. |
Perséinlech Donnéeën |
Äre Virnumm, Familljennumm, E-Mail-Adress, Postleitzuel, Wunnsëtzland, Nationalitéit, Gebuertsdatum an den Inhalt vun Ärer Demande |
Sammlung |
D’Donnéeë ginn direkt vun Iech gesammelt. |
Späicherdauer |
Mir späicheren Är Donnéeë wärend engem Zäitraum vu 5 Joer, nodeem Ären Dossier ofgeschloss gouf. |
Destinatairen |
Den INLL a seng Rechtsberoder, wann zoutreffend |
Gi meng perséinlech Donnéeën u Länner baussent dem Europäesche Wirtschaftsraum transferéiert?
Den Europäesche Wirtschaftsraum („EWR“) ëmfaasst d’Länner vun der Europäescher Unioun, Norwegen, Liechtenstein an Island. Dat uwendbaart Dateschutzrecht verlaangt zousätzlech Garantien, wann den INLL an/oder seng Sous-traitanten Är perséinlech Donnéeën u Länner baussent dem EWR transferéiert.
Verschidden Drëttubidder, déi vun eis fir d’Ausféierung vu Servicer an Usproch geholl ginn, veraarbechten Är perséinlech Donnéeën a Länner baussent dem EWR.
Esou Transferte fannen nëmmen an Iwwerastëmmung mat der gülteger Gesetzgeebung statt. Déi zousätzlech vun LLO.LU geholl Garantië beinhalten d’Ofschléisse vun Accorden, déi op de Standardbestëmmunge vun der Europäescher Kommissioun baséieren.
Dir kënnt eis jidderzäit kontaktéieren, fir e vollstännegen Abléck an déi gëeegent Schutzmesuren ze kréien.
Wéi eng Cookië benotze mir?
D’Cookien, déi mir op eisem Site an op eiser Applikatioun benotzen, sinn am Detail an eiser [Link op: Cookie-Richtlinn] beschriwwen.
Mir géifen och gär derop hiweisen, datt eise Site Linken op Drëttsäiten enthale kann an datt verschiddener vun eise Servicer Iech och Zougang op Drëttsäite bidden (z. B. op déi sozial Reseaue Facebook a YouTube). Mir hu keng Kontroll doriwwer, wéi Sitten an Drëttservicer Är Donnéeën veraarbechten. Mir fuerderen Iech derzou op, d’Dateveraarbechtungsrichtlinnen vun Drëttsäiten, op déi Dir vun eisem Site aus zougräift, opmierksam duerchzeliesen.
Wat sinn Är Rechter a wéi kënnt Dir se ausüben?
Wann an esou wäit et vun der Lëtzebuergescher an Europäescher Gesetzgeebung virgesinn ass, hutt Dir follgend Rechter:
Zougang |
Dir hutt d’Recht, d’Bestätegung ze kréien, ob LLO.LU Är perséinlech Donnéeë veraarbecht, an am Fall wou, Zougang zu de perséinlechen Donnéeën, déi LLO.LU veraarbecht, ze kréien. Mir kënnen Iech eng gratis Kopie ginn, mee dat ass net fir all Dokumenter méiglech, well mir och d’Rechter an d’Fräiheete vun anere wëlle respektéieren. |
Rektifikatioun |
Dir hutt d’Recht, vun LLO.LU d’Verbesserung vu falschen oder onvollständege perséinlechen Donnéeën ouni iwwerméisseg Verzögerung ze verlaangen. |
Widdersproch |
Wa mir Är perséinlech Donnéeën op Basis vun eisem legitimen Interêt veraarbechten: Hutt Dir d’Recht, der Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën (woubäi an dësem Fall eng Bewäertung duerchgeféiert gëtt, fir ze bestëmmen, ob et zwéngend legitim Grënn fir d’Veraarbechtung ginn, déi Är Rechter an Interêten iwwerweien) an der Benotzung vun Äre perséinlechen Donnéeë fir Direktmarketingzwecker ze widderspriechen. |
Aschränkung vun der Veraarbechtung |
Dir hutt d’Recht, vun eis ze verlaangen, datt mir d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën aschränken, zum Beispill wärend mir op Är Ufro hin, d’Genauegkeet vun Äre perséinlechen Donnéeë verifizéieren. |
Läschung |
Dir hutt d’Recht ze verlaangen, datt Är perséinlech Donnéeë vun LLO.LU geläscht ginn. Mir kënnen allerdéngs net ëmmer all perséinlech Donnéeë läschen, zum Beispill wann hir Veraarbechtung fir d’Feststellung, d’Ausübung oder d’Verteidegung vu Rechter viru Geriicht erfuerderlech ass oder mir rechtlech derzou verflicht sinn, dës Donnéeën ze versuergen. Wann Dir am Fall sidd, kritt Dir dozou méi detailléiert Informatiounen an der Äntwert op Är Ufro. |
Iwwerdrobarkeet |
Wa mir Är perséinlech Donnéeë veraarbechten, fir e Vertrag ofzeschléissen oder ze erfëllen: Dann hutt Dir d’Recht, Är perséinlech Donnéeën an engem gängeg benotzten, strukturéierten a maschinneliesbare Format ze kréien a se un en anere Verantwortleche fir Dateveraarbechtung oder en anere Sous-traitant ze transferéieren. |
Zeréckzéiung vun Ärer Zoustëmmung |
Wa mir Är perséinlech Donnéeë mat Ärer Zoustëmmung veraarbechten: |
Dir kënnt Är Rechter ausüben, andeem Dir en E-Mail un dpo@men.lu schéckt oder eis op d’Postadress, déi am Ufank vun dëser Erklärung vermierkt ass, schreift.
Passt op, datt d’Rechter, déi Dir ausübe wëllt an d’Aart a Weis, wéi Dir d’Informatioun kréie wëllt (zum Beispill iwwer E-Mail, postalesch, verbal, a.s.w.) kloer erwäänt ginn. A verschiddene Fäll, kënne mir Iech ëm zousätzlech Informatioune bieden, zum Beispill fir Är Identitéit ze confirméieren.
Wann Dir eis kontaktéiert, fir Är Rechter auszeüben, äntwere mir Iech bannent 1 Mount. Ausnamsweis kann dësen Zäitraum méi laang sinn (bis zu insgesamt 3 Méint), mee an deem Fall informéiere mir Iech bannent engem Mount. Ob Dir d’Méiglechkeet hutt, Är Rechter auszeüben oder net, hänkt vun der Veraarbechtung an der rechtlecher Basis of.
Dir hutt d’Recht, eng Plainte bei der zoustänneger Kontrollinstanz ze maachen, wann d’Veraarbechtung vun Äre perséinlechen Donnéeën géint uwendbar Reglementatioune verstéisst. Zu Lëtzebuerg ass déi zoustänneg Kontrollinstanz d’Commission nationale pour la protection des données, 15, Boulevard du Jazz, L-4370 Belvaux, Tel.: (+352) 26 10 60 -1, https://cnpd.public.lu/fr/commission-nationale.html.
Ännerunge vun der Dateschutzrichtlinn
LLO.LU ka vun Zäit zu Zäit dës Dateschutzerklärung besonnesch am Fall vu Gesetzesännerungen änneren. Mir fuerderen Iech op, ëmmer déi neist Versioun vun der Dateschutzerklärung op eisem Internetsite https://www.llo.lu/ ze kucken. Den Datum vun der leschter Versioun fannt Dir am Ufank vum Dokument.
Cookie-Richtlinn
E Cookie ass eng kleng Textdatei, déi d’Internetsitten op Ärem Computer oder mobillen Apparat späicheren, wann Dir se besicht. En erlaabt de Sitten, Är Aktiounen a Preferenzen (Benotzernumm, Sprooch, Schrëftgréisst an aner Affichage-Parameteren) wärend enger Zäit ze späicheren, fir datt Dir dës Informatiounen net all Kéier, wou Dir dës Sitte besicht oder vun enger Säit zur anerer navigéiert, musst nei uginn.
De Site an d’Applikatioun LLO.LU (am Follgenden “Internetsite“ genannt) benotzen haaptsächlech „Drëttubidder-Cookien“. Heibäi handelt et sech ëm Cookien, déi vum Serviceubidder, ALTISSIA International, deen am Optrag an op Uweisung vum Verantwortleche fir d’Veraarbechtung vum INLL, deen dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ënnersteet[1], festgeluecht a verwalt ginn. Dëse Cookie-Typ kann nëmme vun eisen Internetsitte gelies ginn.
Verschidde Säite vun eisen Internetsitte kënnen awer extern Servicer an Usproch huelen, déi hir eege Cookien, déi Drëttubidder-Cookië genannt ginn, festleeën. Aus deem Grond musst Dir Cookien an extern Servicer akzeptéieren, fir verschidde Säite vun eis ze kucken.
Eis 3 Typpe vun Drëttubidder-Cookien déngen derzou:
- D’Preferenze vun de Visiteuren ze späicheren;
- Sécherzestellen, datt eis Internetsitte gutt funktionéieren;
- Donnéeën zu Analyszwecker (iwwer d’Verhale vun de Benotzer) ze sammelen.
- D’Preferenze vun de Visiteuren
Si ginn duerch eis festgeluecht a mir sinn déi eenzeg, déi se kënne liesen:
Numm |
Service |
Zweck |
Cookie-Typ a Späicherdauer |
wpca_cc |
Ëffentleche Site LLO.LU |
De Cookie „remember_web“ (och „remember me“ genannt) gëtt vum Service generéiert, wann Dir Iech mat der Plattform verbannt. De Cookie enregistréiert Äre Benotzernumm, fir datt Dir Iech séier kënnt verbannen, wann Är Sessioun ofgelaf ass. E gëtt geläscht, wann d’Verbindung getrennt gëtt. |
Éischtubidder-Cookie, Liewensdauer 1 Joer |
wpca_content |
Ëffentleche Site LLO.LU |
Dëse Cookie enthält de Benotzernumm vum Benotzermember an déngt derzou, sech un dësen ze „erënneren“, am Fall wou seng Sessioun tëschent zwou Visitten ofleeft. |
Éischtubidder-Cookie, Liewensdauer 1 Joer |
Consent- a Plug-in-Banneren |
|
|
|
- Operativ Cookien
Verschidde Cookië mussen bäigefüügt ginn, fir de Fonctionnement vu gewëssen Internetsäiten ze garantéieren. Dofir gëtt Är Zoustëmmung net gebraucht. Dat ass besonnesch de Fall bei:
- Authentifizéierungs-Cookien;
- Technesche Cookien, déi fir gewëssen Informatiksystemer noutwendeg sinn.
2.1. Authentifizéierungs-Cookien
Dës gi gespäichert, wann Dir Iech mat der Plattform LLO.LU verbannt. Domat stëmmt Dir der heimat vebonnener Dateschutzrichtlinn zou.
Numm |
Service |
Zweck |
Cookie-Typ a Späicherdauer |
JSESSIONID |
LLO.LU |
Dëse Cookie déngt derzou op geséchert Zone vum Site zouzegräifen (Zonen, fir déi eng Authentifizéierung noutwendeg ass). E gëtt benotzt, fir Äre Verbindungsstatus op verschiddene Säiten bäizebehalen. |
Éischtubidder-Cookie, Liewensdauer entsprécht der Sessioun |
_idp_* |
LLO.LU |
Dëse Cookie déngt derzou op geséchert Zone vum Site zouzegräifen (Zonen, fir déi eng Authentifizéierung noutwendeg ass). E gëtt benotzt, fir Äre Verbindungsstatus op verschiddene Säiten bäizebehalen. |
Éischtubidder-Cookie, Liewensdauer entsprécht der Sessioun |
_zendesk_session |
Support-Service |
Enregistréiert en eenzegaartege Sessiounsschlëssel fir d’Applikatioun Zendesk Classic
|
Essenziellen Drëttubidder-Cookie, 1 Joer |
2.2 Technesch Cookien
Numm |
Service |
Zweck |
Cookie-Typ a Späicherdauer |
|
NG_TRANSLATE_LANG_KEY |
LLO.LU |
Dëse Cookie déngt derzou ze verfollegen, wéi eng Sprooch Dir ausgewielt hutt. |
Éischtubidder-Cookie, Liewensdauer entsprécht der Sessioun |
|
__cfduid |
Service fir technesch Feeleranalys, Technesche Support |
Cloudflare-Sécherheetsparameteren fir Uleedungsressourcen. |
Drëttubidder-Cookie, 1 Mount |
|
- Analys-Cookien
Dës Cookien déngen ausschliisslech interne Recherchezwecker, fir de Service, dee mir all eise Benotzer ubidden, ze verbesseren.
Dës Cookien analyséieren einfach d’Aart a Weis, wéi Dir eis Internetsitte benotzt a ginn anonymiséiert (déi gesammelt Donnéeën erlabe keng perséinlech Identifikatioun vun Iech).
Dës Donnéeë gi weeder mat Drëtte gedeelt nach zu aneren Zwecker benotzt.
Numm |
Service |
Zweck |
Cookie-Typ a Späicherdauer |
|
_pk_id# |
Webanalys-Service fir Entreprisen, baséiert op der Open-Source-Software Matomo |
Erkennt d’Visiteure vun Internetsäiten (op anonym Art a Weis – et gi keng perséinlech Informatioune vum Benotzer gesammelt). |
Dauerhaften Éischtubidder-Cookie, 13 Méint |
|
_pk_ses# |
Webanalys-Service fir Entreprisen, baséiert op der Open-Source-Software Matomo |
Identifizéiert d’Internetsäiten, déi vum Benotzer wärend der selwechter Visite gekuckt goufen (op anonym Art a Weis – et gi keng perséinlech Informatioune vum Benotzer gesammelt). |
Dauerhaften Éischtubidder-Cookie, 30 Minutten |
|
in-token
|
Service fir technesch Feeleranalys |
Suivi vun de Benotzersessiounen |
Drëttubidder-Cookie, 7 Deeg |
|
stg_traffic_source_priority
|
Webanalys-Service |
Späichert den Trafickquelltyp, deen doriwwer opkläert, wéi de Visiteur Är Internetsäit erreecht huet. |
Éischtubidder-Cookie, 30 Min. |
|
stg_returning_visitor
|
Webanalys-Service |
Bestëmmt, ob et sech ëm en erëmkommende Visiteur handelt. |
Éischtubidder-Cookie, 1 Joer
|
|
stg_last_interaction
|
Webanalys-Service |
Bestëmmt, ob déi lescht Sessioun vum Visiteur nach ëmmer amgaang ass oder eng nei Sessioun ugefaangen huet. |
Éischtubidder-Cookie, 1 Joer |
|
stg_externalReferrer |
Webanalys-Service |
Späichert d’URL vun engem Internetsite, déi e Visiteur op Är Internetsäit geschéckt huet. |
Éischtubidder-Cookie, Sessiounsdauer
|
|
Instata |
|
Monitoring, Tracking |
|
Dir kënnt nëmmen op de Support-Service vun LLO.LU zougräifen, nodeem Dir Är Zoustëmmung, fir d’Aktivéierung vun Tracking-Cookien an Drëttubidder-Web-Beacons ginn hutt. D’Zoustëmmung, fir op Support-Servicer zouzegräifen, gëtt iwwer eng Zustëmmungs-Popup-Fënster beim Zougrëff op de Site ageholl. Andeem Dir op de Link „Op Support zougräifen“ klickt, akzeptéiert Dir d’Aktivéierung vun Drëttubidder-Cookien a -Beacons.
Fir dësen Drëttubidder-Inhalt unzeweisen, musst Dir fir d’éischt dem Drëttubidder seng spezifesch allgemeng Konditiounen akzeptéieren, seng Cookie-Richtlinn mat abegraff, iwwer déi mir keen Afloss hunn.
Wann Dir Iech dësen Inhalt net uweise loosst, gëtt keen Drëttubidder-Cookie op Ärem Apparat installéiert.
Wéi kontrolléiert ee Cookien
Dir kënnt Cookië kontrolléieren an/oder läschen, wéi et Iech beléift. Fir méi doriwwer gewuer ze ginn, gitt op aboutcookies.org. Dir hutt d’Méiglechkeet, all Cookien, déi schonn op Ärem Computer gespäichert sinn, ze läschen an déi meescht Browseren esou ze konfiguréieren, datt si se blockéieren. Mee, an deem Fall musst Dir da vläicht selwer all Kéier, wann Dir op e Site gitt, gewësse Preferenzen uginn, a gewësse Servicer a Funktionalitéite sinn da méiglecherweis net zougänglech.
Aspekter, a Verbindung mam Consentement tacite
Cookie-Optioune vum reng ëffentlechen Deel vum Internetsite
KNÄPPERCHER um Site
Preferenz „Do Not Track“
Duerch d’„Do Not Track“-Technologie („Net verfollegen)“ kënne Visiteuren entscheeden, net op Internetsitte verfollegt ze ginn – weeder vun Analysservicer nach vu Publicitéitsplattformen oder vu soziale Reseauen. Hei ass, wéi Dir d’„Do Not Track“-Funktioun an Ärem Browser kënnt aktivéieren:
- Piwik Pro respektéiert d’Preferenze vun de Visiteuren a verfollegt déi, déi d’Funktioun „Do Not Track“ an hirem Browser aktivéiert hunn, net;
- Wann de Benotzer d’Funktioun „Do Not Track“ net aktivéiert huet a wielt, datt en net wëll verfollegt ginn, gëtt de Cookie „piwik_ignore“ vum Browser gespäichert. Visiteuren, déi e „piwik_ignore“-Cookie hunn, ginn net verfollegt;
- Wann de Visiteur all Cookien a sengem Browser desaktivéiert huet, gëtt e weider verfollegt, mee d’Donneéën, déi e betreffe si manner prezis (et ginn da keng Piwik-Cookië benotzt);
- Wann de Visiteur e Browser benotzt, deen d’Funktioun „Do Not Track“ standardméisseg bei der Installatioun aktivéiert huet (Explorer 11 zum Beispill), gëtt dës Funktioun net berücksichtegt.