LogoStart
Luxembourg City

Projet - D’Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren!

LLO.LU ass eng Initiativ vum Institut National des Langues Luxembourg a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hei zu Lëtzebuerg.

Dëse Projet ass Deel vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi 2017 vun der Regierung an d’Liewe geruff gouf an ënner der Opsiicht vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch steet.

LLO.lu ass eng online Plattform, fir selbstänneg Lëtzebuergesch ze léieren. Den Inhalt vun der Plattform ass fir jiddereen zougänglech an dat welwäit ouni Alterslimitt oder geografesch Restriktioun.

Starten
Luxembourg City

PROFITÉIERT

Profitéiert vu Vocabulaires- a Grammaireslektiounen.
Üübt Lëtzebuergesch op spilleresch Aart a Weis,
mat Hëllef vun den Aktivitéiten, déi eis Enseignantë proposéieren.

ÜÜBT

Üübt Lëtzebuergesch mat de flotten Aktivitéiten,
déi vun eisen Enseignantë proposéiert ginn.

TAUCHT AN

Taucht an d’Lëtzebuerger Kultur an a léiert d’Lëtzebuerger Beruffswelt kennen.

VERBESSERT ÄR KENNTNISSER

Verbessert Är Kenntnisser vun der Sprooch, fir Iech an d’Beruffswelt ze integréieren.