Projet

LLO.LU ass eng Initiativ vum Institut National des Langues Luxembourg a vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hei zu Lëtzebuerg.

Dëse Projet ass Deel vun der Strategie fir
d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi 2017 vun der Regierung an d’Liewe geruff gouf an ënner der Opsiicht vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch steet.

LLO.lu ass eng online Plattform, fir selbstänneg Lëtzebuergesch ze léieren. Se ass gratis um Computer an als mobil App disponibel. Den Inhalt vun der Plattform ass fir jiddereen zougänglech an dat welwäit ouni Alterslimitt oder geografesch Restriktioun.

PROFITÉIERT
Profitéiert vu Vocabulaires- a Grammaireslektiounen.
Üübt Lëtzebuergesch op spilleresch Aart a Weis,
mat Hëllef vun den Aktivitéiten, déi eis Enseignantë proposéieren.

ÜÜBT
Üübt Lëtzebuergesch mat de flotten Aktivitéiten,
déi vun eisen Enseignantë proposéiert ginn.

TAUCHT AN
Taucht an d’Lëtzebuerger Kultur an a léiert d’Lëtzebuerger Beruffswelt kennen.

VERBESSERT ÄR KENNTNISSER
Verbessert Är Kenntnisser vun der Sprooch, fir Iech an d’Beruffswelt ze integréieren.

Féierung duerch LLO.LU  

Entdeckt mat dëser Féierung, wéi d’LLO.LU-App funktionéiert.