Jiddwereen huet säin eegenen Tempo!
Wat ass Ären?

Eng Sprooch léieren ass spannend an essentiel fir eist Beruffs- a Privatliewen. Abee, et kann och frustrant sinn, wann een net esou séier Fortschrëtter mécht ewéi ee gär hätt. Mee denkt drun, datt de Fortschrëttstempo vu Persoun zu Persoun verschidden ass! 

Är Sproochkompetenzen, mat deenen Dir ufänkt
Wann d’Sprooch Iech vertraut ass oder wann Dir schonn eng Friemsprooch geléiert hutt, maacht Dir méi séier Fortschrëtter.

D’Zäit
Kloer, wat Dir méi üübt an d’Sprooch benotzt, wat Dir méi séier Fortschrëtter maacht. 😉

D’Léiermethod
Et ass wichteg, déi Method ze fannen, déi fir Iech am beschte funktionéiert. Wann Dir gär online mat Spiller léiert, gitt op eis Facebook-Säit.

D’Motivatioun
Wann Dir motivéiert sidd fir ze léieren, investéiert Dir dora méi Zäit an Effort – an dat mat Freed!
Frot Iech, firwat Dir dës Sprooch léiert? Zéckt net, Är Grënn opzeschreiwen an ëmmer erëm ze liesen, wann Dir Motivatioun braucht. 😉

 Elo verstitt Dir, firwat jiddwereen a sengem eegene Rhythmus Fortschrëtter mécht.
Andeem Dir dat am Kapp behaalt, bleift Dir motivéiert an üübt weider fläisseg op Ärer Sproocheplattform.💪