😉 E Film, e Buch … Rotschléi fir anzedauche vun LLO.LU !

Entdeckt e Film, e Lidd, e Buch an e Podcast, fir Äert Lëtzebuergesch ze verbesseren!
Entspanung mat Amusement a Lëtzebuergeschléieren ze kombinéieren,
ass absolut méiglech mat den immersive Rotschléi vun LLO.LU!

Kuckt de Film „A Wopbopaloobop A Lopbamboom“

Loosst Iech vun dësem Thriller vun 1962 matrappen, an deem de Rocco, dee kierzlech aus dem Prisong entlooss gouf, op en neit Liewen an Amerika hofft. Mee an der Silvesternuecht geschitt eppes, wat seng Pläng duercherneegeheit.

Dreemt Dir och dervun, an Amerika ze goen? Preparéiert Är Rees mat der Lektioun „An d’Vakanz fueren“. 😉

Lauschtert d’Lidd „Ech si Lëtzebuerg“
Entdeckt d’Lidd vum Serge Tonnar, deem seng Kompositioune bekannt derfir sinn, Humor mat sozialer Reflexioun ze vermëschen. Dëst Lidd feiert den Nationalstolz an illustréiert déi kulturell, historesch an traditionell Aspekter vu Lëtzebuerg.

Tauscht Dir Iech gär iwwer aner Kulturen aus? Léiert, Är Kultur beschreiwen mat der Lektioun „Iwwer d’Nationalitéit an d’Sprooche schwätzen“.

Verdéift Iech an d’Buch „Mass mat dräi Hären“
Liest dëst Buch vum Guy Rewening, dat aus véier verschiddene Wierker besteet. D’Texter doran ënnersiche verschidde Sujeten: vun der nationaler an internationaler Politik bis zu den Absurditéite vun der Gesellschaft an der Kultur, mee och d’Sich no Léift an Akzeptanz.

Begeeschtert vum Liesen? Léiert, Är Hobbyen ze beschreiwen mat der Lektioun „Iwwer seng
Hobbye schwätzen“.

Lauschtert de Podcast „Poterkëscht“
Daucht an den Universum vun der Lëtzebuerger Kultur an an entdeckt de Charme vun der Lëtzebuergescher Sprooch duerch deen, vum INLL produzéierten, Podcast. All Woch ginn et nei Episoden – eng reegelméisseg Geleeënheet, Äert Sproochverständnis ze verbesseren!

Sidd Dir op der Sich no weideren Aktivitéiten, fir kënnen an
d’Lëtzebuergescht anzedauchen?
Entdeckt d’Säit „Aktivitéiten“ vun LLO.LU!