🤫 LLO.LU deelt 3 fuschnei Geheimtippe mat Iech!

Fänkt direkt gutt u mat eise flotten a motivante Geheimtippen, fir besser ze léieren!
Sidd Dir Museksfrënd, Sportler oder Kachfan?
Fir all Goût ass eppes derbäi!

Wëllt Dir en zweesproochege Museksfrënd ginn?
Da lauschtert Är Liblingstitelen a probéiert dee Passage, deen Iech am beschte gefält, op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen. Domat vergréissert Dir Äre Wuertschatz séier! Psst … Benotzt LLO.LU a LOD, den Online-Dictionnaire, fir Iech ze hëllefen. 😉

Sport a Sprooch – inkompatibel? NEE!
Fitness-Fan oder Bodybuilder? Fannt den Training, deen am beschte bei Iech passt, op YouTube an iwwersetzt en op Lëtzebuergesch. Verbessert Är Aussprooch, andeems Dir Iech ophuelt. An dat alles, wärend Dir Är Energie lassgitt… Alles huet seng Virdeeler! 🏋️‍♀️💪

An enger anerer Sprooch iessen?
Kacht Rezepter op Lëtzebuergesch a gitt zu engem Meeschterkach. Liest an Ärem Rhythmus d’Instruktiounen a vergréissert domat Äre Vocabulaire. A firwat net och Är Akafslëscht an der Friemsprooch schreiwen? 🤤 

Mat eise Geheimtippen an eiser Plattform maacht Dir onbemierkt Fortschrëtter 😉 !