Kasus

Beispill

D'Meedchen ësst en Apel​​.

D'Famill​keeft en Haus​ mat engem Gaart​​.

De Mann gëtt dem Buschauffeur​ den Ticket​.

D'Groussmamm schenkt hirer Enkelin eng nei Mutz.

All Substantiv huet dräi Kasusformen:

  1. Nominativ
  2. Akkusativ
  3. Dativ.

De Kasus hänkt vun der Funktioun am Saz of.


Wichteg

De Genitiv existéiert net méi am Lëtzebuergeschen.

De Genitiv existéiert just nach an e puer festen Ausdréck ewéi z. B. ëm Gottes Wëllen, enges Daags, Enn des Mounts, ufangs der Woch asw.

DEN NOMINATIV

Beispill

Ech sinn eng Fra.

Den Alex ass mäi Frënd.

Meng Schwëster wunnt zu Paräis.

Säi Brudder ass bestuet.

D'Kandidaten hunn haut en Examen.


Singulier 👤
Pluriel 👥
männlechweiblechsächlechm./w./s.
Nominativde​ Mann​​
d'Frad'Kandd'Persounen


Singulier 👤
Pluriel 👥
männlechweiblechsächlechm./w./s.
Nominativen Här
eng Madamm
en Haus
-Orangen

Mir benotzen den Nominativ:


Beispiller
fir de SujetDe Mann schafft.
Meng Schwëster huet ee Kand a wunnt zu Esch.
bei de Verbe sinn, ginn, bleiwen, heeschenD'Jenny ass meng Aarbechtskolleegin.
Eisen Noper gëtt Papp.
D'Kéi bleiwen am Wanter am Stall.
Mäi Brudder​ heescht Olivier.
an UriedenHär Steinmetz​, wou wunnt Dir?

DEN AKKUSATIV

Beispill

D'Madamm liest d'Zeitung.

Den Här schreift eng E-Mail.

Ech presentéieren Iech den Här Schmit.

Ech hunn e Brudder an eng Schwëster.​

Mir organiséieren e Fest fir de Schluss vum Cours.

Singulier 👤 Pluriel 👥

männlechweiblechsächlechm./w./s.
Nominativ de Mannd'Fra d'Kand d'Persounen 
Akkusativde Mannd'Frad'Kandd'Persounen
Nominativen Häreng Madammen Haus- Orangen
Akkusativen Häreng Madammen Haus- Orangen

Wichteg

D'Form vum Nominativ a vum Akkusativ ass identesch.

Mir benotzen den Akkusativ virun allem:


Beispiller
fir den direkten Objet (Akkusativobjet)Ech hunn e Frënd.
Du brauchs en Dësch, eng Fotellan e Regal.
ëmmer mat de Prepositiounen:
fir, duerch, ouni, géint, ëm, bis, laanscht
De Jang huet e Kaddo fir d'Léierin.
Hie geet haut ouni den Hond spadséieren.
mat de Prepositiounen
an, bei, baussen(t), ënner(t), hanner(t), iwwer(t), niewent, op, tëschen(t), un, virun (lokal), widder(t),
wa se eng Richtung oder en Deplacement ausdrécken
D'Famill geet an de Bësch.
Ech fuere mam Vëlo bei de Bäcker.
D'Kaz leeft hannert d'Fotell.
Ech hänken d'Bild un d'Mauer​​.

DEN DATIV

Beispill

Ech schaffe bei enger IT-Firma.

Meng Frëndin studéiert op der Universitéit.

De Pol gëtt dem Jong e Buch.

Singulier 👤 Pluriel 👥

männlechweiblechsächlechm./w./s.
 Nominativde Mannd'Frad'Kand d'Persounen 
Akkusativde Mannd'Frad'Kandd'Persounen
Dativdem Mannder Fradem Kandde Persounen
Singulier 👤 Pluriel 👥
männlechweiblechsächlechm./w./s.
Nominativen Häreng Madammen Haus- Orangen
Akkusativen Häreng Madammen Haus- Orangen
Dativengem Härenger Madammengem Haus- Orangen

Mir benotzen den Dativ virun allem:


Beispiller
fir den indirekten Objet (Dativobjet)Ech hëllefen dem Mann.
Ech ginn der Fra d'Buch.
ëmmer mat de Prepositiounen:
aus, ausser, bannent, mat, no, trotz, vun, virun (temporal), wéinst, zanter, zu
D'Kanner lafen aus der Schoul.
Ech schwätze mat menger Mamm.
Du léiers zanter engem Joer Lëtzebuergesch.
mat de Prepositiounen
an, bei, baussen(t), ënner(t), hanner(t), iwwer(t), niewent, op, tëschen(t), un, virun (lokal), widder(t),
wann eng Positioun ausgedréckt gëtt
Hie schafft op enger Bank.
Ech kafe Fleesch beim Metzler. (*)
D'Bild hänkt un der Mauer.
De Bëbee läit tëschent dem Papp​ an der Mamm.

Wichteg

(*) Prepositioun + Artikel

Am Dativ ginn d'Prepositioun an de bestëmmten Artikel viru männlechen a sächleche Substantive matenee verbonnen. Dëse Phenomeen heescht Kontraktioun.

Prepositioun + ArtikelKontraktiounBeispill
männlecht Substantiv
Beispill
sächlecht Substantiv
an demamDe Papp schafft am Gaart.De Papp schafft am Haus.
bei dembeimEch kafe Brout beim Bäcker.Den Terrain läit direkt beim Feld.
op demumDen Teller steet um Dësch.De Jong läit um Bett.
un demumDe Mantel hänkt um Krop.D'Plakat hänkt um Haus.
vun demvumEch kréien e Bréif vum Direkter. D'Mamm kritt e Kuss vum Kand. 
zu demzumZum Theema (m./s.) Déiereschutz hunn ech näischt méi ze soen.

D'Prepositioun zu kann och virun engem weibleche Substantiv am Dativ mam Artikel verbonne ginn:


Prepositioun + ArtikelKontraktiounBeispill
weiblecht Substantiv
zu derzurEch soen zur Fra: "Äddi a Merci!"